Looss eis mateneen schwätzen. Du ziels mer wéi är Sitautioun ausgesäit an dann schaffe mer zesummen drun, ärt Ziel ze ereechen. Sou dass däin Butz altersentspriechend sech deen Schlof huele kann, deen e brauch.
Baséirend op engem Schlofprotokoll froën ech genau an äeren Alldag eran. Well nëmmen wann ech verstinn, wéi äeren Alldag/äer Situatioun ausgesäit, kann ech eech adäquat hëllefen.
(Dauer ca. 2 Stonnen)
Mir kucken eis zesummen e bëssi Theorie un, fir dass mer verstinn, wisou, dass d’Situatioun esou ass, wéi se ass.
Schlofe kann een léieren. Dir begleed äre Butz dobäi. Dofir wäert ech eech fit a staark maan. Dir wësst wat äre Butz brauch, dofir ass däin Bauchgefill sou wichteg fir eis Zesummenaarbecht.
(Dauer ca. 2 Stonnen)
Mir ass et wichteg fir eech do ze sinn, bis dass der äer Ziel erreecht hutt.
Zudeem well ech eech och op d’Zukunft virbereeden. Wann der an der Theorie wësst wat nach alles op eech duerkomme kann, kënnt der d‘Zukunft ganz einfach a geloosse ugoë loossen.
(Dauer ca. 1 Stonn)