Mäin Numm ass Nicole Wantz-Thomé. Ech sinn bestuet an hunn 3 wonnerbar kleng Butzen. Ech schaffen an der Regional Musekschoul vun Iechternach, wou ech Eveil musical, Formation musical an Petit Cuivres (Trompette) enseignéieren.
Duerch meng Kanner, dir kënnt eech et denken, hunn ech e Schlofcoach gebrauch. Ech duecht ëmmer meng Kanner wieren ze fuerwetzeg fir ze schlofen, se géifen net „rofkommen“, etc…
Dobäi loung et just drun, dass ech net genuch informéiert war, Theorie net kannt hunn, an vill ze schnell ëmmer alles probéiere wollt.
Elo kënne sech meng Kanner deen Schlof huelen, deen se brauchen. Et ass nach wie vor ustrengend Mami ze sinn, vun 3 klengen Butzen. Mee wann sech den eegenen Schlof qualitativ ferm gebessert huet, kann een den Dag vill besser meeschteren an mat de Butzen genéissen.
Ech hunn 2022 d’Ausbildung zum Schlofcoach fir Bebëen a Klengkanner bei „MeinBabySchlafcoaching“ gemaach a sinn iwwerglécklech iwwert déi Entscheedung. Mama sinn huet mech perséinlech immens verännert. Ech hänken immens un deene klenge Butzen. Duerch de Coaching kann ech net nëmmen hinnen hëllefen, mee eben och der ganzer Famill.